Universe - Shopping - World

Wednesday, February 24, 2010

The Fertha (vis-a-vis vun der Bank "Credit Union" zu Cahersiveen



Zenter 22 Jo'er ass den Noel Kelliher de Besetzer vun desem scheinen Pub.





1996 Acard Civic Awards / Best Commercial Premises

1997 Irish Music Pub Competition


Desen Pub ass eng Referenz fir seng Musik's Owenter. An der Haaptsaison, kann dest alt emol e puer Mol pro Woch geschei'en. Als een groussen Amateur vun der traditionneller Musik, mecht sech den Noel eng besonneg Freed doraus, dess Owenter ze organise'eren. Ganz oft sinn et Studenten vun der Musiks Sektioun vum Lycee vun Cahersiveen, dei hei optrieden. Ganz vill jong Talenter sinn hei entdeckt gin. Eng Traditioun, vir dei ganz Welt Irland beneid.
Desen Pub, villeicht deen eenzechen an Irland, deen eng Quell am Pub selver huet ass eng wonnerschein Plaatz, fir Owenter ze verbrengen. (Dir d'Amateuren vun guddem Whiskey, ass daat hei d'Adress).
Daagesmenu'en ginn hei vun Meindes bis Samsdeg zerve'ert. Et ass eng vun deenen Plaatzen, wou een wiirklech emol dei typisch Iresch Menu'en probei'eren kann. Een gudden Kach hannert dem Deppen zerve'ert Iech hei eng Rei vun Menu'en, dei dem normalen ireschen Liewen entspriechen. (Hei get nach richteg gekacht).
Wann een daat gudd Iessen gaer huet, dann ass daat hei d'Geheimplaatz.
Schwetzt einfach mam Noel, datt hien Iech een gudden Owend organise'ert. (Gidd him 1 oder 2 Deeg fir dest ze organise'eren). Een gudden Homard, oder fantasteschen Fesch, Hemmelfleesch oder den fantasteschen Angus Beef. Loost Iech vun him verfe'eren. Wei gesoot, et ass net den groussen Restaurant, mat vill Chi-Chi oder Iwerflessegem, et ass einfach d'Plaatz fir een scheinen Owend ze verbrengen verbonnen mat lokalen Spezialite'ten zu engem anstendegen Prais.
Daat hei huet emol mussen gesoot gin.

Hei den Telefon vum Fertha: 00353 (0) 66 9472023

No comments:

Post a Comment