Universe - Shopping - World

Thursday, April 23, 2009

Iwert desen Site

Desen Site ass geduecht, vir Iech den Kerry mei genau virzestellen.

Den Kerry ass eng Region am sud-westen vun Irland. Eng ganz well Gegend, wou d'Natur nach d'So'en huet. Wann een vun Vakanz an Irland schwetzt, dann muss een vum Kerry schwetzen. Aktivite'ten an fraier Natur, wei een se kaum nach an Europa fend. Ech hun mech entscheed, mech hei nidderzeloossen mat menger Famill, fir Iech dess Vakanzdestinatioun mei einfach ze maachen. Net vill Luxus, Natur pur, fantastesch Landschaften matt vill Mier, Bierger, well Baachen mat Saumon'en asw. End Wanderlandschaft vun der Superklass. Bescht Guiden sin am Asaatz an allen Bereicher. Op daat feschen ass, Perdreiden, Wanderen, mam Velo fueren, Waassersport, vill interessantes fir Geschichtsfrenn, fir Naturfrenn an Botanik oder Ornithologie, gudd Ambiance an den Pub'en, gemittlech Familienpensiounen oder Cottage'en, verschidden gudd kleng Restaurant'en, et ass alles hei, vir eng onvergiess'lech Vakanz ze verbrengen. D'Reenjacket mattbrengen an deck Schung, daat ass wichteg, den Kostum an Cravatte kann doheem bleiwen.
Vill Leit kennen dess Region nemmen ennert engem Numm. Den "Ring of Kerry". Daat ass jo alles schein an gudd, daat as wei wann een mam Bus an engem Daag vun Clierf iwert Woltz, Vianden, Echternach, Wasserbelleg, Remich, Letzebuerg, Esch an zereck an d'Belsch fueren geif, ouni eemol stoen ze bleiwen. Daat geet just duer, fir ze so'en, ech war do. Awer mei och net.
Den Kerry as eng fantastesch Destination fir Naturfrenn, wei Dir kaum eng an Europa fannen kennt. Ech hoffen, deen Site gefellt Iech. No 5 Jo'er englesch schwetzen, verle'ert een e weneg d'letzebuerger Sprooch, och werten esou munch Schreiffehler do sin.
Daat hei ass ee Blog-Site, daat heescht, liesst en vun ennen no uewen.

Wann interesse'ert sidd, aer Vakanz an eiser Regioun ze verbrengen, dann bucht hei: http://www.activeholidayskerry.com/_mailer.php

No comments:

Post a Comment